++ T1 Keller ënner Waasser (15.12.2017) ++
Haut den Owend géint 21:15 ass de CISDipp op een iwwerschwemmten Keller op Schuller geruff ginn. Well grad eng Übung am Zenter am gangen war sinn direkt 6 Leit op Plaz gefuer fir Waasser aus dem Keller ofzepompelen.


++ VU3 Dippech-Mamer (15.12.2017)
Den Owend géint 18.00 Auer ass den CISDipp op en VU3 op Streck Dippech-Mamer geruff ginn.
Am Agang vun Dippech haten zwee Autoen sech frontal ze paken kritt woubäi een Gefier sech iwwerschloen huet.
...Déi zwee Automobilisten goufen heibäi liicht blesséiert.
Am Asaz war den CISDipp mam MZF1-1, dem LF21 an dem GW mat insgesamt 9 Léit souwéi de Centre d'Incendie et de Secours Mamer, d'Ambulanz vun Mamer an d'Police.



++ 13.12.2017 Aarbechtsräichen Dag fir den CISDipp ++
Gëschter war een aarbechtsintensiven Dag fir d'Memberen vum CISDipp.
Lass gaangen ass et moies em 6:45 Auer mat engem First Responder Asaz wou eis Equipe schnell op der Plaz war fir eng Éischtversuergung vum Patient ze maachen.
...Weider gaangen ass et kuerz virun 10:00 Auer wou een Keller ënner Waasser gemellt ginn ass. 4 Léit vum CISDipp waren op der Plaz fir d'Waasser aus dem Keller eraus ze pompelen.
Een zweeten First Responderasaz ass et dunn kuerz no 16:00 Auer ginn wou eis First Responder Equipe erëm op der Plaz war fir eng Éischtversuergung vum Patient ze maachen ier d'Ambulanz do war.
Owes géint 22:00 Auer um Heemwee aus dem 1. Hëllefcours huet een Member vum CISDipp bemierkt dass Strooss zwëschen Betten a Sprénkeng op enger Plaz komplett iwwerschwemmt war duerch een Offloss deen komplett zou war.
4 Leit vun eiser Equipe sinn dunn op Plaz gefuer fir den Offloss erëm fräi ze kréien. Bei dëser Aarbecht ass dunn em 22:15 den Piipsert gaangen wéinst engem VU2 zwëschen Dippech a Bartreng.
Op Héicht vum Dippecher Bierg war eng Persoun am däischteren vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.
Op der Plaz war eisen MFZ1-1 den LF21 souwéi den GW mat insgesamt 10 Leit. Ënnerstëtzt ginn sinn si vun der Ambulanz Mamer an der Police.




++ VU2 Dippach-Reckange (02.12.17) ++
De Moien ass den CISDipp op een VU2 op der Streck Dippech-Reckeng geruff ginn.
Op Héicht vum Rond-Point zu Reckeng waren zwee Autoen openeen gerannt.
...Een Chauffeur koum fir eng Kontroll mat der Ambulanz an Spidol.
Op der Plaz waren 12 Léit vum CISDipp mat 3 Gefierer esou wéi eng Ambulanz vu Péiteng an d'Police.


++ VU1 -> G1 / Uelegspur Rond-Point Dippach (28.11.17) ++
Haut de Moien ass den CISDipp op een VU1 an de Rond-Point Dippech geruff ginn fir Strooss ze botzen.
Op der Plaz ukomm huet sech erausgestallt, dass néierens een Accident war, wuel awer eng Uelegspur am Rond-Point virfonnt gouf.
...Mat Hëllef vun der neier Sprëtz um MZF1-1, déi et erméiglecht dass d'Ölbindemëttel iwwert dem Fueren kann opgedroen ginn an der Sprühanlag vum LF2-1, ass den Rond-Point gebotzt ginn.
Op der Plaz waren 4 Léit mat 2 Gefierer.