2017 ass bal eriwwer an et ass Zäit fir e klengen Réckbléck: dëst Joer hunn sech e puer Saachen am Bicherhaischen verännert: fir d’alleréischt: mir hunn nei Öffnungszäiten krit an sinn elo och Méindes fir Iech do. Dann ass d’Bicherhaischen-Team vun 2 op 3 gewuess an ech sinn super zefridden mat eisem neien Team! Säit dem Hierscht kënnt der well mat all Kaart am Buttek bezuelen an eng nei Clientskaart gëtt et säit November. Si ersetzt den „alen System“ an mir hunn se extra nac...h virun de Feierdeeg agefouert, dass der kënnt dovun profitéieren dass vun elo un d’Spillgezei an dat ganzt Sortiment aus dem Bicherhaischen a Form vun Biber-Stickeren op d’Clientskaart kënnt. De Rayon vun de franséischen Bicher ass leider méi kleng ginn, an anplatz ass den Tiptoi-Rayon gewuess. Mir sinn allgemeng op däitsch an lëtzebuergesch Bicher spézialiséiert an aus nach villen aneren Grënn ass dës Decisioun am November gefall. Mir sinn dëst Joer op speziell Kannerbuchpresentatiounen gefuer, liesen vill Fachzeitungen an vill Bicher aus dem Buttek fir iech gutt kënnen ze beroden. Mit schätzen de Kontakt mat de Client’en immens an et sinn schon sou munch Frëndschaften doraus entstaan. Ech soen Iech villmools merci fir e schéint Joer 2017, wëschen Iech an äerer Famill ganz schéin Feierdeeg an e gudden Rutsch an dat nächst (Lies-)Joer. Laurence Hilger
See MoreMir hunn och e puer Bicher fir déi Erwuessen. Wann dat richtegt net dobäi ass, kënne mer se och bestellen.




Haut ass am Tageblatt e Gewënnspill fir d'CD vum "Pirat" ze gewannen! Schnell matmaachen! ![]()
E klengt Einhorn vun Steiff fir ënnert de Beemchen?
Léift Léierpersonal, wann Dir nach Budget vun 2017 hutt, ass elo de Moment fir äer Commande ze maachen.